Bewosst Gesond
Gesond Summergedrénks fir fit ze bleiwen
5 min
Am Summer ass et besonnesch wichteg genuch ze drénken: vun aromatiséiertem Waasser mat Äiswierfel aus roude Friichten, iwwer Gazpacho bis selwergemaachte Smoothien.
Wann et waarm ass, gëtt de Bedarf u Flëssegkeet duerch d'Schweessen eropgesat, an de Kierper brauch 2,5 Liter bis 3 Liter. Wann een duuschtereg ass, ass dat e Signal vum Kierper, datt ee schonn deshydratéiert ass.
1,5-2 Liter solle mer duerch d'Gedrénks zou eis huelen, de Rescht iwwer Liewensmëttel. Krunnewaasser ass zu Lëtzebuerg vu gudder Qualitéit a gëtt ganz staark kontrolléiert. Am Summer, wann een méi schweesst, ginn och Mineralie mat ausgescheet. Hei si verschidde Mineralwaasser interessant, well se en héije konstante Gehalt z. B. u Magnesium, Kalzium hunn, déi och gutt vum Kierper opgeholl ginn. Op der Etikett kann een noliesen, wéi eng deen héchste Gehalt hunn.
Et soll een also den ganzen Dag iwwer säin Kierper hydratéieren an en Drënkrhythmus hunn. Bei senger Aarbecht an am Auto eng Waasserfläsch bereet hu fir ze drénken. Et gi flott Appen, mat deenen ee gehollef kritt fir net ze vergiessen ze drénken.
D'Dieteticienne Lis Muller, Responsabel vum Service Nutrition vum Domaine Thermal vu Mondorf, mat weidere gudde Rotschléi.