Voix d'auteurs
Minh Tran Huy
Déi franséisch Schrëftstellerin mat vietnameeseschen Originnen, d'Minh Tran Huy, sollt leschte Mäerz d'Invitée vum Jean Portante an der Emissioun Voix d'auteurs sinn. Covid-19 huet et anescht gewollt. Dräi Méint méi spéit schwätzt si eis vun hirem leschte Roman, "Les Inconsolés", deen am Januar 2020 bei Actes Sud erauskoum. Et geet ëm eng Kräizung vu goteschem Roman, Märchen, Krimi, Thriller, an nach méi, deen déi onwarscheinlech Libesgeschicht vum Lise a Louis erzielt, déi sozial a kulturell absolut net firenee gemaach sinn.
Episoden
D’Lydie Salvayre
Zu Gaascht mat engem Buch, an deem Recht op d'Faulenze gefuerdert gëtt. “Depuis toujours nous aimons les dimanches” ass den Titel.
Jack Kerouac
“Sur le chemin” huet de Kerouac op Franséisch geschriwwen, an zwar no “On the Road”. Just, datt keen dat wousst. Bis et, viru Kuerzem, entdeckt gouf. An Enn 2023 bei Gallimard erauskoum.
![Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore](/legacy/images/147524/image-thumb__147524__base_thumbnail/buch.5e97cf5e.jpg)
Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore
Eng spannend Rees duerch den Universum vun der Metapher, déi an de Grotte vun den éischte Mënschen ufänkt a vun der Poesie bis bei eis bruecht gouf.
Max de Paz - La manche
Dem jonke Schrëftsteller säin éischte Roman handelt vun de Liewensconditioune vu Mënschen ouni Doheem zu Paräis.
![Léa Veinstein](/1_Foto/100komma7.lu/136509/image-thumb__136509__base_thumbnail/Bicher.d1b0970e.jpg)
Léa Veinstein
D’Léa Veinstein erzielt an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka”, iwwer dat onwarscheinlecht Abenteuer vum Kafka senge Manuskripter,.
![Jack Kerouac](/1_Foto/100komma7.lu/129031/image-thumb__129031__base_thumbnail/Jack%20Kerouac.b7af8207.jpg)