Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  The Verve - Bitter Sweet Symphony

play_arrow Live
arrow_back_ios

Déjà Vu

100komma7.lu / Déjà Vu

/ Jon Lucien - Mind's Eye

Jon Lucien - Mind's Eye

Den Jon Lucien hat eng Stëmm déi ee wéi eng wootlech Summerlëftchen ëmwéckele konnt. En déiwe Bariton, voller Emotioun a vläit och mat enger klenger Prise Kitsch. Den Herbie Hancock huet vum gudde Mann gesot en hätt e gëllenen Hals. An dat ass net wäit hiergeholl. Den Jon Lucien war en ongewéinleche Crooner, e Sänger dee sech d'Jazz Standarden fléissend an originell uneegne konnt. Op sengem 74er Album "Mind's Eye" komme seng karibesch Originnen duerch di wibbeleg Rythmen ervir. Soul a psychedelesch Aflëss kommen zum Virschäin. En ass oppen fir Experimentatioun a schléngelt sech duerch divers Stiler, brécht Konventiounen. Den Jamie Reinert kuckt op dës Plack zeréck.

Musek

Episoden

John Martyn - Bless The Weather

De brittesche Folk Museker bleift op sengem 71er Album intensiv, mysteriéis an e bëssen niwweleg.

The Human League - Dare

Viru 40 Joer koum en Album op, dee bis haut virgëtt, wéi Elektropop ze kléngen huet.
headphones

15 min

play_arrow

Joni Mitchell - Blue (1971)

Der kanadesch-amerikanescher Songwriterin Joni Mitchell hir véiert Plack feiert 2021 hir 50 Joer.

John Lennon - Imagine

Viru genee 50 Joer, am Oktober 1971, koum dem fréiere Beatles-Museker John Lennon säin zweete Solo-Album op de Maart.

Japan - Tin Drum

Eng futuristesch a glamouréis Plack, déi d'Talenter vun dësen extravagant coifféierten a maquilléierten Häre vu London festhält.

Heaven 17 - Penthouse And Pavement

E politesch infuséierten, visionären Elektro Pop Diamant vun der éischter Stonn

Echo & The Bunnymen - Heaven Up Here (1981)

Echo & the Bunnymen verblatzen heiansdo nieft de faarwege Karriäre vun New Wave Zaitgenosse wéi The Cure oder The Human League.

Harry Nilsson - Nilsson Schmilsson

Deen exzentresche Lidderschreiwer liwwert 1971 eng glat an dach koppeg Plack, déi groussen Uklang fënnt.

Santana - Santana 3

Santana setzt mam Album "Santana 3" de Latin-Rock 1971 definitiv op déi musikalesch Landkaart!

Tricky - Pre-Millennium Tension

Loscht op musikalesch Begleedung fir eng kleng Wanter-Melancholie?

Sly & The Family Stone - There's A Riot Going On

1971 war et eriwwer mat Peace and Love.

Transformer - Lou Reed

Mat sengem zweete Soloalbum leet den New Yorker Enn 1972 de Grondsteen fir eng eemoleg Karriär no sengem Äddi bei Velvet Underground.
headphones

11 min

play_arrow

Japan - Tin Drum

Eng futuristesch a glamouréis Plack, déi d'Talenter vun dësen extravagant coifféierten a maquilléierten Häre vu London festhält.

My Bloody Valentine - Loveless

En Album, dee bis haut eemoleg ass, an dee fir vill Leit e Synonym fir Shoegazing ass.

John Lennon - Imagine

Viru genee 50 Joer, am Oktober 1971, koum dem fréiere Beatles-Museker John Lennon säin zweete Solo-Album op de Maart.

The Human League - Dare

Viru 40 Joer koum en Album op, dee bis haut virgëtt, wéi Elektropop ze kléngen huet.
headphones

15 min

play_arrow

Heaven 17 - Penthouse And Pavement

E politesch infuséierten, visionären Elektro Pop Diamant vun der éischter Stonn

Cabaret Voltaire - Red Mecca

Nom Doud vum Richard H Krik erënnere mir un den drëtten Album vun der Band vu Sheffield.

Cat Stevens - Teaser and the Firecat (1971)

Singer-/Songwriting trëfft op Pop: dem Cat Stevens säin Album steet 1971 weltwäit uewen an den Charts.

T.Rex - Electric Warrior (1971)

Als elektresch Krichsmaschinn wollt de Marc Bolan 1971 net nëmmen d'Vereenegt Kinnekräich, mee och d'Vereenegt Staaten erueweren.