Déjà Vu
Jon Lucien - Mind's Eye
Den Jon Lucien hat eng Stëmm déi ee wéi eng wootlech Summerlëftchen ëmwéckele konnt. En déiwe Bariton, voller Emotioun a vläit och mat enger klenger Prise Kitsch. Den Herbie Hancock huet vum gudde Mann gesot en hätt e gëllenen Hals. An dat ass net wäit hiergeholl. Den Jon Lucien war en ongewéinleche Crooner, e Sänger dee sech d'Jazz Standarden fléissend an originell uneegne konnt. Op sengem 74er Album "Mind's Eye" komme seng karibesch Originnen duerch di wibbeleg Rythmen ervir. Soul a psychedelesch Aflëss kommen zum Virschäin. En ass oppen fir Experimentatioun a schléngelt sech duerch divers Stiler, brécht Konventiounen. Den Jamie Reinert kuckt op dës Plack zeréck.