arrow_back_ios
Déjà Vu
Neil Young - On The Beach
"Warscheinlech ee vun den depressiivsten Alben, déi ech jee opgeholl hunn". Esou huet den Neil Young "On The Beach" eemol beschriwwen. Hien huet nach ëmmer um Doud vu sengem Crazy Horse Akolyt Danny Whitten geknat. Seng Bezéiung mat senger deemoleger Frëndin ass an d'Bréch gaangen an de kommerzielle Succès huet zu weideren Onzefriddenheeten geféiert. E mentalen Zoustand aus deem labber an duseleg Stécker gefloss koumen. Dem Neil Young säi 74er Album feiert dëse Mount 45 Joer. Presentéiert vum Jamie Reinert.