arrow_back_ios
Bewosst Gesond
"Nei" Zockeren am Trend
Ganz an der Moud an der Ernärung, besonnesch beim Zocker, ass den Agavesirop. Well hien de Bluttzocker ganz wéineg beaflosst, gëtt en dacks als déi natierlech Alternativ zum Zocker duergestallt. Allerdéngs besteet den Agavesirop bal nëmmen aus Fructose, a wéi mir gesinn hunn, sollt een däers als Diabetiker net ze vill konsuméieren!
Firwat dat esou ass, huet d'Angie Maquil bei der Dieteticienne Sylvie Paquet, Chargée de direction vun der Maison du Diabète, nogefrot.