Bewosst Gesond
Déi fettléislech Vitaminn K
D'Vitaminn K ass bekannt als liewenswichteg Vitaminn fir d'Blutgerënnung. An de leschte Joren gouf interessanterweis erausfonnt, datt dës Vitaminn och nach aner Eegenschaften huet an, datt een tëschent der Vitaminn K1 an der Vitaminn K2 ënnerscheet.
D'Vitaminn K1 fënnt een am grénge Blatgeméis wéi dem Spinat, am Brokkoli an den anere Kabeszorten. Dat kann een iwweregens gutt verhalen: Vitaminn K wéi Kabes. D'Vitamin K2 allerdéngs gëtt nëmme vu Bakteerie gebilt, entweder direkt an de Liewensmëttel oder awer vun de Bakteerien an eisem Daarm. Esou fënnt een d'Vitaminn K2 a fermentéierte Liewensmëttel op Sojabasis, am Jughurt, frësche wäissem Kéis an aner bestëmmte Kéiszorten an am Sauerkraut.
Presentéiert vun der Dieteticienne a Mindful Eating Trainerin Céline Genson.