Bewosst Gesond
Déi fettléislech Vitaminn E
D'Vitaminn E muss sech am Fett aus dem Iesse léisen, fir datt mir dës Vitaminn an eisem Dënndaarm kënnen ophuelen. Am Duerchschnëtt huele mer ongeféier 30 Prozent vun der Vitamin E op, déi am Iessen dran ass.
An eisem Kierper fanne mir d'Vitaminn E an all eisen Zellmembranen, also der baussechter Haut vun den Zellen. Si erfëllt eng wichteg antioxidativ Funktioun. Dat heescht, si schützt verschidde Stoffer a Strukturen an eisem Kierper virun der Oxidatioun, also der Zerstéierung, duerch sougenannte fräi Radikaler. Dëst si besonnesch aggressiv Deelercher, déi dës sensibel Strukturen ugräifen a futtimaachen. Interessant ass, datt d'Vitaminn E, wa se sou e fräie Radikal ofgefaangen huet, Vitaminn C brauch fir sech erëm ze regeneréieren.
Vitaminn E fanne mer haaptsächlech a planzlechen Ueleger a ganz besonnesch am Weeskeimueleg, am Sonneblummen- an Olivenueleg, awer och am Fësch oder den Eeër.
Presentéiert vun der Dieteticienne a Mindful Eating Trainerin Céline Genson.