Bewosst Gesond
Am Fokus: d'Vitaminn A
D'Vitaminn A ass bei ville Prozesser an eisem Kierper bedeelegt awer besonnesch kann ee seng Wierkung am Mechanismus vum Kucken a Gesinn ervirhiewen. Awer och säin Afloss op den Immunsystem ass wichteg. Bei engem Vitamin A Mangel trieden Infektiounskrankheete gäre méi heefeg op, besonnesch vun den Otemweeër.
D'Vitaminn A gëtt et nëmmen a Liewensmëttel, virun allem an der Liewer, am Eegiel, am Botter, der Margarine, am mëllen an haarde Kéis an an der Ram.
D'Provitamin A Beta-Carotin fënnt een och an deene Liewensmëttel, awer haaptsächlech am schéine faarwegen Uebst a Geméis, virun allem an de Wuerzelen, dem Spinat, de Séissgromperen, dem grénge Kabes, der Mauséiercherszalot, dem Cresson, dem rouder Paprika oder der Mango.
Weider Detailer vun der Dieteticienne a Mindful Eating Trainerin Céline Genson an op www.mindful-eating.lu