Aktuelles
"Reschtrisike bestinn"
De Projet, fir bis zu 20.000 Leit den Dag op de Coronavirus kënnen ze testen, kritt Retard. Den annoncéierte Stéchdatum vum 19. Mee kann net agehale ginn, hat d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert gëschter an der Chamber gesot. De Generaldirekter vum Luxembourg Institute of Health preziséiert op Nofro hin: De Projet géif wéi geplangt ulafen. Just déi voll Test-Capacitéite kéinte viraussiichtlech eréischt eng Woch méi spéit erreecht ginn. Ee Risikofacteur wier, fir dat néidegt Material erbäi ze kréien. Déi geplangte 17 Teststatiounen géifen no an no opmaachen. Dës sollen uechter d'Land verdeelt sinn, an als Drive-in funktionéieren. Gepréift gëtt awer och nach d'Optioun vun enger Teststatioun bei der Stater Gare, wou ee keen Auto bräicht fir sech testen ze loossen.
D'Pia Oppel huet den Ulf Nehrbass gefrot, ob den LIH an de Gesondheetsministère sech iwwer d'Demarche da wierklech eens sinn.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)