arrow_back_ios
Bewosst Gesond
D'Roll vun der Ernärung an der Behandlung vum Diabetes
D'Zil vun der Ernärung, besonnesch beim Typ 2 Diabetes, ass et, d'Gewiicht ze reduzéieren oder ze stabiliséieren, esou wéi d'Bluttzockerwäerter a Grenzen ze halen. Mee virun allem soll eng richteg an ausgeglachen Ernärung de Leit mat Zocker hëllefen e méiglechst normaalt Liewen ze féieren a spéider Komplikatiounen ze vermeiden.
Explikatioune vun der Dieteticienne Sylvie Paquet, Chargée de direction vun der Maison du Diabète an op http://www.ald.lu