Aktuelles
Véier nei Bacheloren op der Uni Lëtzebuerg
Mat der Regruppéierung ënner enger eenzeger Fakultéit vun de Studie-Beräicher Mathematik, Physik, Ingénierie, Computer-Sciencen, Life Sciences a Medizin versicht d'Uni Lëtzebuerg hire Studenten eng ganz multidisziplinär Expertis mat op de Wee ze ginn. Ronn 200 Studente kënnen hei aacht verschidde Bachelore a 17 verschidde Masteren ugoen.
De Prof. Dr. Jean-Marc Schlenker, Doyen op der Uni Lëtzebuerg, ass frou matdeelen ze kënnen, datt et op dëser neier Fakultéit vu September 2020 un dann och véier nei Bachelore gëtt.