arrow_back_ios
Bewosst Gesond
Kraider a Gewierzer aus der asiatescher Kichen
Kraider sinn d'Blieder, bei Gewierzer schwätze mer vun der Fruucht, der Wuerzel, dem Kär, oder der Schuel vun der Planz. An deem Sënn ass Koriander interessant, well en esouwuel e Kraut wéi e Gewierz ass an och nach asiatesche Péiterséileg genannt gëtt. E ka praktesch iwwerall verschafft ginn. Koriander a Wasabi ginn haut vun der Dieteticienne Lis Muller ënner d'Lupp geholl.