Bewosst Gesond
Gesond Kräider an der Kichen
Manner Salz a Peffer, dofir méi Kraider a méi Pleséier a Faarf um Teller:
D'Basiskraider Péiterséilech, Bratzelen a Basilikum dierfen net mat gekacht ginn, well hir Aromastoffer duerch d'Hëtzt zerstéiert ginn, duerfir soll e se kuerz virum zerwéieren derbäi mëschen.
Kraider zeechne sech duerch en héije Gehalt u villerlee essentiellen Ueleger aus, déi d'Aromastoffer vun all Zort ausmaachen. Wann Dir nach keng Gewunnecht hutt mat Kraider ze schaffen, sinn dës Basiskraider e gudden Ufank.
Rotschléi vun der Dieteticienne Lis Muller, Responsabel vum Service Nutrition vum Domaine Thermal vu Mondorf.