Aktuelles
Um Iessdësch keng Konflikter léisen
![on the headlines](/legacy/images/1204/image-thumb__1204__base_thumbnail/10.2a0efb97.jpg)
Gëschter hate mir an eise Recommandatiounen, déi d'Eltereschoul Janusz Korczak vun der Fondatioun Kannerschlass reegelméisseg eraus gëtt, iwwer de Familljendësch geschwat. Dat heescht déi Amenter, wou, vläicht esouguer am Contraire zu normalen Zäiten, d'Famill vill méi Zäit huet zesummen um Dësch ze iessen. Dëst kann e wichtege sozialen Ament sinn, wou jidderee kann erzielen, wéi et him am Fong geet.
D'Restriktioun duerch Coronavirus-Pandemie sinn elo scho wochelaang amgaang, an et fänkt un un d'Gemitt ze goen, net nëmmen den Erwuessenen, mee och de Kanner an de Jugendlechen, déi nees eraus wëllen an hir Frënn gesinn, oder nees Sport wëlle maachen. Um Dësch zesummesëtze kann dann eng Situatioune sinn, wou d'Kanner oder déi Jugendlech den Elteren hir Suergen, hir Ängschten hir Doleancë matdeelen. Dozou d'Rotschéi vun der Jeanine Schumann, Chargée de Direction vun der Eltereschoul Janusz Korczak
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)