Bewosst Gesond
Knippercher vum Chef
Et deet gutt, wann ee fir seng Aarbecht belount gëtt an eng Unerkennung kritt fir säin Asaz a säi Fläiss. Dat steet ausser Fro. Mee ass et da wierklech eng gutt Iddi, wann de Chef sech mat Knippercher, Kaffiskichelcher oder Taarte bei senge Mataarbechter zefridde weist fir z. B. d'Woch gutt unzefänken oder opzehalen? Oder och de Kuerf mat lauter Naschelegkeeten an Delikatessen als Merci fir den Ofschloss vun engem schwéiere Projet oder d'Erreeche vun engem wichtegen Zil? An net ze vergiessen de Cadeau als Ofschloss vum Joer.
D'Gewunnecht Iessen als Belounung ze benotze schéngt an eiser Zäit dach scho bal kontraproduktiv. Wou all Zorte Liewensmëttel souwisou schonn esou gutt wéi iwwerall sinn, an esou vill vu Wuelstandskrankheete geschwat gëtt, déi op schlecht Ernärungsgewunnechten zeréckzeféieren sinn.
Weider Rotschléi vun der Dieteticienne a Mindful Eating Trainerin Céline Genson op http://www.mindful-eating.lu