Bewosst Gesond
Chips an aner Séissegkeeten op der Aarbecht
De Problem dobäi ass, datt Liewensmëttel, déi vill Zocker enthalen, eis séier Energie ginn, awer déi léisst och genee esou séier erëm no, an da fale mer erëm an deen nächsten Honger an da geet dee ganzen Däiwelskrees nees vu vir lass. Dofir ass et sënnvoll sech am viraus eppes Adaptéiertes mat op d'Aarbecht ze huelen. E Stéck Uebst, e puer Nëss oder e Jughurt sinn gutt.
Wann Dir ufälleg sidd fir den éiwegen Honger an Tendenz hutt ze naschelen, da plangt Är Tëschemoolzecht zäitlech an a maacht eng kuerz Paus. Domat evitéiert Dir e stännegt Geknabbers an dem Charme vun deem Genaschels, dat een an Apparater kafe kann, kennt Dir ouni Problem widderstoen.
Vill weider Rotschléi vun der der Dietecienne Céline Genson an op http://www.mindful-eating.lu