Bewosst Gesond
Keng Naschelegkeete mat op d'Aarbecht
Et soll a kann ee gären an der Mëttesstonn zesummen iessen op der Aarbecht, awer do soll net Jiddwereen Iergendeppes oder seng Reschter matbréngen, an een doduerch verleet gëtt, all Méigleches ze iessen.
Zesumme iessen, awer plangen:
Firwat net emol zum Beispill, eemol de Mount e saisonale Buffet mëttes organiséieren, wou jiddwereen eppes matbréngt a wou drop opgepasst gëtt, datt frësch, regional a saisonal Produite verschafft ginn, mat vill Geméis an Uebst.
De gutt gemengte Schockela als Rescht vum Kleeschen oder Ouschterhues soll och net matbruecht ginn op d'Aarbecht, grad wéi all méiglecht Zockergebäck, deem déi mannst widderstoe kënnen.
Vill weider Detailer vun der Dieteticienne a Mindful Eating Trainerin Céline Genson op http://www.mindful-eating.lu