Europa Aktuell
EU-Mesurë géint Coronakris: Sträit gouf ausgesat
An der EU sinn d'Diskussiounen iwwer d'Hëllef fir d'Wirtschaft ze relancéieren, nach net eriwwer.
D'Staats- a Regierungscheffen hu gëschter Owend en éischten Hëllefspak vu ronn 500 Milliarden Euro guttgeheescht. Déi kriddeleg Froen iwwer en zousätzleche Fonds de Relance goufen awer net beäntwert, hei gouf de Ball elo an d'Feld vun der Europäescher Kommissioun gespillt. Si soll ee Modell ausschaffen. Eng schwiereg Aufgab, well et gëllt duerno jiddwereen dovun ze iwwerzeegen.
Vu Bréissel d'Danièle Weber