Bewosst Gesond
Den Iessrhythmus bei Kanner ass wichteg, och bei de Grousselteren
Mol méi, mol manner Honger hu si, déi kleng Butzen. Trotzdeem soll eng Reegelméissegkeet vun de Moolzechten iwwer den Dag bestoen, och wann de Rhythmus individuell un all Kand ugepasst ka ginn. Dat gëllt och, wa si bei d'Grousselteren iesse kommen.
Wann een zum Beispill e Kand huet, dat moies net esou vill Honger huet, kann d'Moiesiessen méi kleng ausfalen. Am Nomëtteg soll een och eng Paus maachen, wou een de Kanner ze iessen an ze drénken ubitt.
Am Kader vun enger gesonder Ernierung ass bei dëser Moolzecht d'Qualitéit méi wichteg wéi d'Quantitéit. Rotschléi vun der Dieteticienne Liz Mersch.