Komplett ongewollt a mat enger zimmlecher Brutalitéit musse mer eis mat eise perséinlechen Interêten an deenen vun der Kollektivitéit auserneesetzen. Dat ass en Theema, dat eis als soziaalt Wiesen eigentlech ëmmer sollt beschäftegen, och a soi-disant normalen Zäiten. D'Isabelle Medinger, fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière, huet sech heizou e puer Gedanke gemaach, och wat d'Zesummeliewen an d'Incivilitéiten am ëffentleche Raum ugeet.
arrow_back_ios
Fräie Mikro
Vu Selbstkontroll an Incivilitéiten
Episoden
Parkplazen an der Stad
Rousegäertche versus Safari

8. Mee
Gedenken oder feieren?
De Benevolat a Bedrängnis
Wat bedeit dat neit neit Gesetz iwwert d'ASBL?

E Recht op Ofdreiwung an der Verfassung
Zu Lëtzebuerg ass d’Ofdreiwungsrecht um Niveau vum Gesetz gereegelt.
D'Pensiounsreform betrëfft méi Auslänner wéi Lëtzebuerger
Auslänner a Frontaliere kommen am Debat iwwer d'Pensiounsreform ze kuerz, mengt d'Biergerrechtlerin Laura Zuccoli.
Ännerung vum Denkmalschutzgesetz vun 2022
Réckschrëtt beim Denkmalschutz
Zesumme liewen, zesumme schaffen, zesummen decidéieren!
Ëm 25.000 Mënschen aus allen Härelänner komme pro Joer nei an eist Land. Mee weiderhi bleift bal d'Hallschent vun eisen Awunner vu ville politesche Rechter ausgeschloss.

Fir e feministesche Pensiounssystem
Et ass net d'Schold vun de Fraen, datt hir Pensioun méi kleng ass wéi déi vun de Männer.
Vum Hung a vum Ee respektiv vum Krich an de Waffen
De Problem vum Hung a vum Ee ass bekannt. Déi éiweg Fro ass: wat war fir d'éischt do? De Krich oder d'Waffen? Domat beschäftegt sech am Fräie Mikro de Philosoph Jean-Luc Thill.
"Et ginn och nach gutt Nouvellen"
Den Europäesche Geriichtshaff huet d'Selbstbestëmmungsrecht vun Transgender, Intersex an net-binäre Persoune gestäerkt.
D'Vertrauen a Wëssenschaft, Journalismus an Institutiounen erëm hierstellen
De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, schwätzt doriwwer, wéi d’Meenungsfräiheet - als Grondlag vu kritescher Reflexioun an eiser Demokratie - pervertéiert ka ginn.
Fieder a Schwäert
An alle Kulture ginn et Beispiller fir d’Iwwerzeegung, datt eng Fieder, déi gescheit Gedanke schreift, méi geféierlech ass wéi e Schwäert. Fir d’Simone Beck beweisen d’Reaktioune vu Milei, Putin an Trump, datt dat stëmmt.
Wéi verhale mir eis haut?
D’Demokratie steet ënner massivem Beschoss.
Europa ënner Zuchzwang
Europa ënner Zuchzwang
Géint d'Wunnengsnout mat innovative Wunnkonzepter fir Senioren
Vill Seniore liewen an net altersgerechten an ze grousse Wunnengen, dacks eleng an isoléiert. Vill Famille sichen dogéint verzweiwelt no enger gréisserer Wunneng a fanne jorelaang näischt, wat se sech kënne leeschten.
Vum Stroum oder wat kaschte Banannen?
Wuel inspiréiert un der Kannersendung “1-2 oder 3” muss sech de private Stroumkonsument neierdéngs tëschent 3K, 7K oder 12K decidéieren. Stroumrechnung als trojanescht Päerd - ee weidere Walkaddo, dee kee gefrot hat.
Méi Trump an der Schoul
Jonk Politiker aus verschidde Parteie fuerderen, e méigleche Rietsruck och zu Lëtzebuerg ze bremsen. Si proposéieren dofir ënner anerem méi Politik- a Medienerzéiong an der Schoul.
