Bewosst Gesond
Richteg akafen
Esou mann wéi méiglech an d'Geschäfter ze goen, bedeit eng gutt Organisatioun.
Mat System akafen, dobäi ass d'Liewensmëttelpyramid en einfache Repère bei der Zesummesetzung vun Ärem Iessen. Huele mer d'Beispill vun Uebst a Geméis, dat d'Basis duerstellt. A klenge Qunatitéite kafen, wat sech net esou laang hält, dofir méi vun deenen Zorte kafen, déi sech méi laang hale wéi Courgetten, Kabes, Wuerzelen. Am allgemengen och déifgefrueren oder Produkter aus der Béchs virgesinn, fir e klengen Stock ze hunn.
Detailer vun der Lis Muller, Responsabel vum Service Nutrition vum Domaine Thermal vu Mondorf.