Bewosst Gesond
Eng gereegelt Iessroutine
Wéi kann ee méi liicht seng Repèren erëmfannen? Wéi wäit hunn Är Iessgewunnechten sech an dëser Zäit geännert?
Fir dat erauszefannen hëlleft et e puer Deeg opschreiwen, wat Dir den Dag iwwer iesst an drénkt a firwat.
An dëser Zäit, wou déi meescht Leit mussen doheem bleiwen, ass gesond iessen an net zouhuelen eng Erausfuerderung. Hei e puer Rotschléi fir säin Iessen ze strukturéieren an auszegläichen an doduerch seng Gesondheet ze stäerken a säi Gewiicht besser am Grëff ze halen, proposéiert vun der Dieteticienne Lis Muller, Responsabel vum Service Nutrition vum Domaine Thermal vu Mondorf.