Bewosst Gesond
E bewosst Iessverhalen - Deel 3
An de Mo era froen, ob e wierklech Honger huet, éier Dir iesst, wann et net de pueren Honger ass, braucht Dir vläicht eppes aneschters wéi Iessen.
Gutt knaen ass immens wichteg. Wa séier Iessen en Theema bei Iech ass, da probéiert Messer a Forschett tëschent all Maufel nidderzeleeën, knat gutt an eréischt wann Dir ofgeschléckt hutt, dann huelt d'Läffelsgeschier nees an de Grapp, fir den nächste Maufel ze huelen.
Analyséiert Äert Hongergefill wärend dem Iesse fir erauszefannen, wéini et Zäit ass fir opzehale mat iessen. Dat heescht net onbedéngt iesse bis näischt méi um Teller ass.
D'Dieteticienne a Mindful Eating Trainerin Céline Genson erkläert déi Basis a fënnef Schrëtt. Weider Detailer op mindful-eating.lu