Bewosst Gesond
Prebiotesch Liewensmëttel
De Begrëff prebiotesch däerf (d'selwecht wéi beim Begrëff probiotesch), nëmme benotzt ginn, wann de gesondheetlechen Notzen nogewisen ass.
Als prebiotesch gëlle Substanzen, déi net vun de mënschleche Verdauungsenzymer ofgebaut kenne ginn an dowéinst och net direkt vum Daarm opgeholl ginn. Si wanderen onverdaut vum Mo bis an den Déckdaarm an do stellt eis nëtzlech Daarmflora eng ganz Rei Saache mat hinnen un, déi e positiven Afloss op eis Gesondheet hunn. Zu de prebiotesche Substanzen gehéieren haaptsächlech onverdaulech Kuelenhydrater, déi och ënner dem Begrëff Fibren - oder op Däitsch Ballastoffer bekannt sinn.
Weider Detailer vun der d'Dieteticienne a Mindful Eating Trainerin Céline Genson.
http://mindful-eating.lu