arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Wäertschätzung vu Liewensmëttel ...

Wäertschätzung vu Liewensmëttel ...

on the headlines

E bewossten Ëmgang mat Liewensmëttel geet schonn beim Akafen un. Vill Leit kafe méi wéi si brauchen. Et soll ee sech besser virum Akafen en Iwwerbléck iwwer seng Reserve verschafen, an iwwerleeën, wat ee wierklech verwäerte kann. Wichteg ass och, sech eng Akafslëscht ze maachen. Dat ass deen éischte Schrëtt fir manner Liewensmëttelverschwendung.


Duerno gëllt et, d'Iesswuere richteg ze lageren. Ënnerschiddlech Liewensmëttel hunn ënnerschiddlech Uspréch un Temperatur, Luucht oder och Loftfiichtegkeet.


Fir eng sécher Lagerung ass och eng propper Kiche wichteg, well ënner propper an hygienesche Bedéngunge feelt de Keimen d'Nahrungsgrondlag a se kënnen net wuessen. Nom Botze sollt een d'Liewensmëttel dann uschléissend nom Prinzip "First-in-first-out-Prinzip" erëm araumen. Dat heescht, datt déi Produkter mat dem kierzten Halbarkeetsdatum vir stinn. Esou verhënnert een, datt Reserven a Vergiess geroden. Awer och Produkter mat ofgelafem Halbarkeetsdatum kënnen nach ze genéisse sinn: kucken, richen a vläicht schmaache soll ee se op alle Fall.


Am stressege Beruffsalldag ass et schwiereg, all Dag frësch ze kachen. Fir seng Gesondheet lount et sech awer, frësch a selwer zoubereete Liewensmëttel ze iessen. Eng Méiglechkeet wier, sech z. B. eemol d'Woch méi Zäit ze huelen, an fir e puer Deeg virzekachen. Am beschte Fall kann een d'Kanner mat abannen. Dat gemeinsaamt Fillen, Richen a Schmaache vun den Liewensmëttel beim gemeinsame Kachen leet bei de Kanner e Grondsteen fir e liewenslaangen, bewossten Ëmgang mat Liewensmëttel.

Episoden

Gesondheetswëssen - a wat domat geschitt | © Bigstock

Gesondheetswëssen - a wat domat geschitt

Informatioune ginn et genuch - mee net alles ass hëllefräich. Wéi fanne mir zouverlässeg Gesondheetsinformatiounen an ëmgoe mir Mythen?
headphones

6 min

play_arrow
Séisswaasserfësch - Eng vergiesse Ressource an eiser Ernärung? | © Bigstock

Séisswaasserfësch - Eng vergiesse Ressource an eiser Ernärung?

Wéi eng Roll spille Séisswaasserfësch an enger gesonder Ernärung a wat ass den Ënnerscheed zu de Mieresfësch?
headphones

12 min

play_arrow
Gesond al ginn | © Bigstock

Gesond al ginn

Wat kann ee maache fir gesond al ze ginn a méiglechst laang gutt ze liewen? Mir beschwätzen d’Resultater aus der Fuerschung am Beräich Ernärung a Sport.
headphones

12 min

play_arrow
Zoppen, e gesonde Comfort food fir all Alter | © Bigstock

Zoppen, e gesonde Comfort food fir all Alter

Zoppe si beléift a sinn eng Opwäertung vun eisem Iessen. An dat net nëmmen am Wanter.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi d'Ernärung eis Stëmmung beaflosst | © monkeybusinessimages / Bigstock

Wéi d'Ernärung eis Stëmmung beaflosst

Wéi beaflosse Bluttzocker, Daarmgesondheet a Stresshormoner eis Stëmmung? E Bléck op wëssenschaftlech Zesummenhäng a praktesch Ernärungstippe fir méi mental Stabilitéit am Alldag
headphones

7 min

play_arrow
Le Laboratoire d’analyses sensorielles de l’EHTL | © astropix / Bigstock

Le Laboratoire d’analyses sensorielles de l’EHTL

Un laboratoire dédié à l’analyse sensorielle, à la formation et aux services professionnels pour évaluer scientifiquement la qualité des aliments.
headphones

9 min

play_arrow
E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag | © Chinnapong

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag

An enger Zäit vum Iwwerfloss: Wat Faaschten haut bedeite kann - manner Reizer, méi Rhythmus an e bewossten Ëmgang mat Iessen.
headphones

8 min

play_arrow
Iessstéierungen | © digitalista / Bigstock

Iessstéierungen

Anorexie, Boulimie an d’Binge-eating-Stéierung ginn tehamtiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken | © Brebca

Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken

Faarwen, Musek a Beliichtung beaflossen '‘Stëmmung, den Appetit an de Genoss - a weisen, firwat genossvollt Iesse méi gesond a méi zefriddestellend ass.
headphones

9 min

play_arrow
Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach | © Marika Kosheleva

Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach

Wéi wierke Batterstoffer aus de Liewensmëttel op eis Gesondheet ?
headphones

11 min

play_arrow
D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

Kann ee mat gesondem Iessen dem Houscht a Schnapp entgéint wierken?
headphones

10 min

play_arrow
Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Mir huelen d‘Wuerzelgeméis ënner d’Lupp an entdecken, wéi eng wäertvoll Inhaltsstoffer et enthält.
headphones

12 min

play_arrow
Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaaschten ass en Trend - mee wat ass wëssenschaftlech beluecht? Eng komplett Aschätzung zu Notzen, Mythen, Fraen a laangfristeger Gesondheet
headphones

7 min

play_arrow
Diabetes am Beruff - Zesumme schaffen | © Bigstock

Diabetes am Beruff - Zesumme schaffen

Diabetes am Aarbechtsalldag: Erausfuerderungen, Mythen an d’Roll vum Employeur, de Kolleegen a Betraffen
headphones

4 min

play_arrow
Mat klenge Schrëtt zu méi Liewensqualitéit | © Kenishirotie / Bigstock

Mat klenge Schrëtt zu méi Liewensqualitéit

De Joresufank ass d’Zäit vun de gudde Virsätz. Méi gesond iessen ass ee vun deene beléiftsten.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi verleeft d’Ernärungsberodung bei enger Diététicienne/engem Dieteticien? | © Bigstock

Wéi verleeft d’Ernärungsberodung bei enger Diététicienne/engem Dieteticien?

Wiem kann esou eng Berodung hëllefen, a wéi eng Sujete ginn an enger Ernärungsberodung behandelt?
headphones

12 min

play_arrow
Fast Food am Fokus: Wat erlieft eise Kierper wierklech? | © Bigstock

Fast Food am Fokus: Wat erlieft eise Kierper wierklech?

En Abléck an déi neurobiologesch an ernärungswëssenschaftlech Mechanisme vu Fast Food souwéi Strategië fir méi bewosste Genoss
headphones

9 min

play_arrow
Gesond Zosen | © Bigstock

Gesond Zosen

Ze fetteg, ze salzeg oder ze mielzeg, da léiwer drop verzichten, oder net?
headphones

12 min

play_arrow
Uebergewicht und Adipositas - Studie HealthyW8 | © Bigstock

Uebergewicht und Adipositas - Studie HealthyW8

Eine neue europaweite Studie soll dabei helfen, Adipositas einzudämmen - worum geht es.
headphones

14 min

play_arrow
Fäerdegproduiten | © Bigstock

Fäerdegproduiten

Si se wierklech esou schlecht, wéi ëmmer gesot gëtt?
headphones

8 min

play_arrow