Bewosst Gesond
Mëllech, e beléiftent Liewensmëttel
Mëllech liwwert vill liewensnoutwendeg Närstoffer. Duerfir ass et kee Gedrénks, mee e flëssegt Nahrungsmëttel mat engem héijen Närstoffgehalt. Mëllech enthält z. B. héichwäertegt Eewäiss, licht verdaulech Fetter a fir de Kierper gutt verwäertbar Kuelenhydrater a Form vu Laktos.
Och liwwert d'Mëllech en héije Gehalt un de Mineralie Kalzium a Phosphor, de waasserléislechen B-Vitaminnen (virun allem Vitaminn B2) an de fettléislechen Vitaminnen A an D. Wann een d'Mëllech schounend erhëtzt, bewierkt dat just e gerénge Verloscht u B-Vitaminnen, ca 10 Prozent. D'Fett an d'Mineralie bleiwen erhalen. Wat de Kalzium ugeet, sou kann een den Dagesbedarf vun engem Erwuessenen zum Beispill mat 1/2 l Mëllech an zwou Scheiwen haardem Kéis décken.
D'Lëtzebuerger Mëllechproduktioun kann d'Demande erfëllen, an d'Mëllech ass als Lokalprodukt d'ganzt Joer ze kréien. Wann ee se gären huet, a se gutt verdréit, kann ee säi Liewen laang Mëllech drénken, et kënnt op d'Quantitéit un! Sou ass d'Mëllech gläichwäerteg mat anere Mëllechprodukter. Dat heescht, jee méi Mëllech een drénkt, desto manner aner Mëllechprodukter sollt een iessen, an ëmgedréit. Hei leien d'Empfeelungen bei dräi Mëllechprodukter pro Dag. Wann ee sech un dës Empfeelungen hält, ass et och net méi ausschlaggebend, ob een elo Voll- oder hallefentrahmt Mëllech wielt, well dëst jo duerch eng adequat Quantitéit gereegelt gëtt. Falls een also Mëllech drénkt, sollt een virun allem drop uechten, e Qualitéitsprodukt aus lokaler Hierstellung ze wielen, dat engem schmaacht.
Ernärungsrotschléi vun der Dieteticienne Liz Mersch, presentéiert vum Angie Maquil.
Episoden
![Superfood: Mythos oder Realitéit?](/1_Foto/100komma7.lu/188293/image-thumb__188293__base_thumbnail/Superfood.9c69e1d9.jpg)
Superfood: Mythos oder Realitéit?
Wat si Superfoods a wat stécht wierklech hanner dem Hype?
![Entdeckungsrees an d’Räich vun de Kraider aus der Provence 2/2](/_default_upload_bucket/188167/image-thumb__188167__base_thumbnail/Artemisia.c0a8eaf7.jpg)
Entdeckungsrees an d’Räich vun de Kraider aus der Provence 2/2
Zesumme mat der Ernärungsberoderin Lis Muller geet et op d‘Entdeckungsrees „Saveurs et Senteurs“ vun de Kraider aus der Provence.
![KI an der Hotelschoul](/1_Foto/100komma7.lu/60262/image-thumb__60262__base_thumbnail/Hotelschoul%20Direkter%20Michel%20Lanners.29fc4ff3.jpg)
KI an der Hotelschoul
Wéi sech d'Hotelschoul mat der Kënschtlecher Intelligenz ausernanersetzt a se integréiert.
![D’Räich vun de Kraider aus der Provence - 1/2](/_default_upload_bucket/185410/image-thumb__185410__base_thumbnail/Provincial%20herbs.863eafd7.jpg)
D’Räich vun de Kraider aus der Provence - 1/2
Zesumme mat der Ernärunsgberoderin Lis Muller geet et op Entdeckungsrees an d’Räich vun de Kraider aus der Provencee: e klengen Iwwerbléck iwwer eng Saveur-et-Senteurs-Rees.
![Nei Gentechnik: steet eis Walfräiheet an der Liewensmëttelauswiel um Spill?](/1_Foto/100komma7.lu/183895/image-thumb__183895__base_thumbnail/Tomat%20DNA%20Spr%C3%ABtz.065c6b45.jpg)
Nei Gentechnik: steet eis Walfräiheet an der Liewensmëttelauswiel um Spill?
Déi Europäesch Unioun plangt d‘Reglementer fir nei Gentechnik ze lockeren, mam d'Zil, d‘Entwécklung an d‘Benotze vun esou Technologien an der Landwirtschaft ze fërderen.
![Beien | © Bigstock / Davizro Photography Den Hunneg a a seng erstaunlech Wierkungen | © Bigstock / Davizro Photography](/1_Foto/100komma7.lu/184123/image-thumb__184123__base_thumbnail/Hunneg.878d47f4.jpg)
Den Hunneg a a seng erstaunlech Wierkungen
Souwuel als Liewensmëttel wéi och an der Kosmetik beléift, an e gëllt och als Heelmëttel.
![Fuddermëttelkontroll: Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Notz- an Hausdéieren](/1_Foto/100komma7.lu/181120/image-thumb__181120__base_thumbnail/Hond%20Fudder.2e8847ac.jpg)
Fuddermëttelkontroll: Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Notz- an Hausdéieren
D’Fuddermëttelkontroll vun der ALVA këmmert sech zu Ettelbréck ëm d’Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Haus- an Notzdéieren.
![Alles ronderëm den Huewer](/1_Foto/100komma7.lu/179881/image-thumb__179881__base_thumbnail/Huewermiel.ee843daf.jpg)
Alles ronderëm den Huewer
Huewer ass méi Nährstoffräich wéi aner Kärenzorten
![Stressiessen](/legacy/images/4789/image-thumb__4789__base_thumbnail/St%C3%A9phanie%20Rosquin.8bb1c9cd.jpg)
Stressiessen
An enger Zäit wou Stress en ëmmer präsenten Begleeder ginn ass, greife vill Leit zu Iessen als Copingmechanismus. Mee wat genee ass Stressiessen?
![Fake News am Beräich Ernärung](/_default_upload_bucket/176818/image-thumb__176818__base_thumbnail/Spinat_1.8705e77b.jpg)
Fake News am Beräich Ernärung
Et ginn eng Onmass Zäitschrëften, Bicher, Internetsäiten iwwer gesond Ernärung,iwwer Regimmer oder Rotschléi fir physesch méi fit ze ginn. Wéi weit sinn dös Informatioune richteg, wéi funktionéiere fake News?
![Tourismus a Wuelbefannen an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg](/1_Foto/100komma7.lu/172070/image-thumb__172070__base_thumbnail/Isabelle%20Frank%20Photo.eee0424d.jpg)
Tourismus a Wuelbefannen an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg
Eng Weltrees, déi op 4ème ze Lëtzebuerg an an der Groussregioun ufänkt an op der 1ère a Mikronesien am Pazifik ophält
![Permanent Kontrollen um Findel vun der Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung](/1_Foto/100komma7.lu/171419/image-thumb__171419__base_thumbnail/Liewensm%C3%ABttelkontroll.ebff6804.jpg)
Permanent Kontrollen um Findel vun der Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung
D'ALVA, d'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire kontrolléiert reegelméisseg vill Déieren a grouss Quantitéite Planzen a Liewensmëttel aus Drëttstaaten, déi bei eis an d‘Land importéiert ginn.
![Marathon | © Bigstock / Pavel1401 Gutt iessen, gutt lafen | © Bigstock / Pavel1401](/1_Foto/100komma7.lu/170258/image-thumb__170258__base_thumbnail/Marathon.91fcda41.jpg)
Gutt iessen, gutt lafen
Déi richteg Ernärung fir e Marathon ze lafen
![Microgreens a Sprossen: eng Extra-Portioun Vitaminnen a Mineralien](/1_Foto/100komma7.lu/168923/image-thumb__168923__base_thumbnail/Microgreens.b9b871e7.jpg)
Microgreens a Sprossen: eng Extra-Portioun Vitaminnen a Mineralien
Se si knackeg, frësch, schaarf oder wierzeg a liwweren eis eng héich Konzentratioun un Nährstoffer a kënnen dat ganzt Joer liicht gezillt ginn.
![Vegan a vegetaresch Kichen an der Hotelschoul](/1_Foto/100komma7.lu/154157/image-thumb__154157__base_thumbnail/Steve%20Lentz.162bfc57.jpg)
Vegan a vegetaresch Kichen an der Hotelschoul
Ökologeschen Engagement an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg an net nëmmen eng Äntwert op en Trend vum Marché
![D'Bedeitung vum glykämeschen Index fir d'Gesondheet](/1_Foto/100komma7.lu/153173/image-thumb__153173__base_thumbnail/Glycemic%20Index.6f92e394.jpg)
D'Bedeitung vum glykämeschen Index fir d'Gesondheet
Reegelméisseg ze héich Bluttzockerwärter sinn ee Risikofacteur fir Prädiabeetes an Diabeetes Typ 2.
![© Bigstock Schlank am Schlof: geet dat? | © Bigstock](/1_Foto/100komma7.lu/153485/image-thumb__153485__base_thumbnail/Mann%20dee%20schl%C3%A9ift.16245819.jpg)
Schlank am Schlof: geet dat?
Ernärung a Schlof sinn zwee wesentlech Piliere fir eis Gesondheet a Wuelbefannen.
![Entzündungen am Kierper an den Afloss vun eiser Ernärung](/1_Foto/100komma7.lu/145511/image-thumb__145511__base_thumbnail/Bewosst%20Gesond%2006.03.b19043a8.jpg)
Entzündungen am Kierper an den Afloss vun eiser Ernärung
Wéi eng Relatioun gëtt et bei der Entwécklung, vu de sougenannte " tëllen Entzündungen", mat der Ernärung
![D‘Rommel Bommel an hir Frënn](/1_Foto/100komma7.lu/143918/image-thumb__143918__base_thumbnail/Roud%20Rommelen_1.4704232d.jpg)
D‘Rommel Bommel an hir Frënn
Mam villfältege Wantergeméis der Rommel entdecke mir Neies aus der Schmaachschoul.
![Liewensmëttelsécherheet an d'Vermaartung](/1_Foto/100komma7.lu/142187/image-thumb__142187__base_thumbnail/Patrick%20Hau%202.7dd8f4c9.jpg)