Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - Boneless

play_arrow Live
arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ D'Gromper, eng wäertvoll Knoll!

D'Gromper, eng wäertvoll Knoll!

on the headlines

Ob als Zalot, Püree, am Schäffchen, verschafft als Gnocchi oder, wéi mir et hei am Land besonnesch gär hunn, als Gromperekichelchen. Eng Gromper ass den ideale Begleeder an der Kiche fir all Woch en anere Menü ze kachen, a se ass quasi d'ganz Joer iwwer am lokalen Ubau ze kréien.

Wéi een d'Vitaminnen an d'Närstoffer vun der Gromper am Beschten notze kann, erkläert d'Dieteticinne Liz Mersch.

Wéineg Kalorien, vill héichwäertegt Eewäiss, Kalium a Vitaminn B an C

Grompere si kalorienaarm, well se ronn 80 Prozent Waasser enthalen. D'Stäerkt liwwert d'Energie an der Gromper, dës gëtt duerch Kachen eréischt verdaulech gemaach.

Grompere liwweren och héichwäertegt Eewäiss, an nennenswäert Quantitéiten u Kalium. Bei de Vitaminnen handelt et sech virun allem ëm B- an C Vitaminnen. De Gehalt verréngert sech allerdéngs jee no Zoubereedungsmethod a Lagerung. Sou gi beim Kachen vu geschielte Grompere ronn 15 Prozent Vitaminn C verluer. Och sollt ee wa méigelech d'Gromperen nom Schiele méiglechst kuerz wäschen an direkt preparéieren. Geschielte Grompere soll een net am Waasser versuergen, well d'B- an C Vitaminne waasserléislech sinn.

Gromperen enthalen och sekundär Planzestoffer. Verschiddener vun dëse Stoffer kënnen de Mënsch méiglecherweis virun Häerz-Kreeslaf Krankheeten a Kriibs schützen. Anerer kënne géint Entzündunge wierken an den Immunsystem vum Kierper positiv beaflossen. Insgesamt ass d'Zesummesetzung vun den Inhaltsstoffer ganz gënschteg, sou datt se an enger gesonder Ernärung hir fest Plaz sollten hunn. Och fënnt een d'Gromper quasi dat ganzt Joer aus lokalem Ubau, jee no Joreszäit da frësch oder als Lagerwuer.

Veraarbecht Produkter wéi Fritten oder Chipsen enthalen allerdéngs grouss Quantitéiten u Fett an heefeg och ongënschteg gesiedegt Fettsaieren. Aner Produkter, wéi z. B. Gromperepüree am Pudder enthalen eng ganz Rei Zousazstoffer, am Bioberäich allerdéngs manner, wéi am Konventionellen. Am allerbeschte keeft ee frësch Gromperen a kacht selwer domat seng Erfollegsrezepter.

Politik a Gesellschaft

Episoden

Superfood: Mythos oder Realitéit?

Superfood: Mythos oder Realitéit?

Wat si Superfoods a wat stécht wierklech hanner dem Hype?
headphones

8 min

play_arrow
Entdeckungsrees an d’Räich vun de Kraider aus der Provence 2/2

Entdeckungsrees an d’Räich vun de Kraider aus der Provence 2/2

Zesumme mat der Ernärungsberoderin Lis Muller geet et op d‘Entdeckungsrees „Saveurs et Senteurs“ vun de Kraider aus der Provence.
headphones

11 min

play_arrow
KI an der Hotelschoul

KI an der Hotelschoul

Wéi sech d'Hotelschoul mat der Kënschtlecher Intelligenz ausernanersetzt a se integréiert.
headphones

5 min

play_arrow
D’Räich vun de Kraider aus der Provence - 1/2

D’Räich vun de Kraider aus der Provence - 1/2

Zesumme mat der Ernärunsgberoderin Lis Muller geet et op Entdeckungsrees an d’Räich vun de Kraider aus der Provencee: e klengen Iwwerbléck iwwer eng Saveur-et-Senteurs-Rees.
headphones

6 min

play_arrow
Nei Gentechnik: steet eis Walfräiheet an der Liewensmëttelauswiel um Spill?

Nei Gentechnik: steet eis Walfräiheet an der Liewensmëttelauswiel um Spill?

Déi Europäesch Unioun plangt d‘Reglementer fir nei Gentechnik ze lockeren, mam d'Zil, d‘Entwécklung an d‘Benotze vun esou Technologien an der Landwirtschaft ze fërderen.
headphones

7 min

play_arrow
Den Hunneg a a seng erstaunlech Wierkungen | © Bigstock / Davizro Photography

Den Hunneg a a seng erstaunlech Wierkungen

Souwuel als Liewensmëttel wéi och an der Kosmetik beléift, an e gëllt och als Heelmëttel.
headphones

16 min

play_arrow
Fuddermëttelkontroll: Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Notz- an Hausdéieren

Fuddermëttelkontroll: Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Notz- an Hausdéieren

D’Fuddermëttelkontroll vun der ALVA këmmert sech zu Ettelbréck ëm d’Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Haus- an Notzdéieren.
headphones

14 min

play_arrow
Alles ronderëm den Huewer

Alles ronderëm den Huewer

Huewer ass méi Nährstoffräich wéi aner Kärenzorten
headphones

14 min

play_arrow
Stressiessen

Stressiessen

An enger Zäit wou Stress en ëmmer präsenten Begleeder ginn ass, greife vill Leit zu Iessen als Copingmechanismus. Mee wat genee ass Stressiessen?
headphones

10 min

play_arrow
Fake News am Beräich Ernärung

Fake News am Beräich Ernärung

Et ginn eng Onmass Zäitschrëften, Bicher, Internetsäiten iwwer gesond Ernärung,iwwer Regimmer oder Rotschléi fir physesch méi fit ze ginn. Wéi weit sinn dös Informatioune richteg, wéi funktionéiere fake News?
headphones

14 min

play_arrow
Tourismus a Wuelbefannen an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg

Tourismus a Wuelbefannen an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg

Eng Weltrees, déi op 4ème ze Lëtzebuerg an an der Groussregioun ufänkt an op der 1ère a Mikronesien am Pazifik ophält
headphones

7 min

play_arrow
Permanent Kontrollen um Findel vun der Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung

Permanent Kontrollen um Findel vun der Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung

D'ALVA, d'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire kontrolléiert reegelméisseg vill Déieren a grouss Quantitéite Planzen a Liewensmëttel aus Drëttstaaten, déi bei eis an d‘Land importéiert ginn.
headphones

13 min

play_arrow
Gutt iessen, gutt lafen | © Bigstock / Pavel1401

Gutt iessen, gutt lafen

Déi richteg Ernärung fir e Marathon ze lafen
headphones

9 min

play_arrow
Microgreens a Sprossen: eng Extra-Portioun Vitaminnen a Mineralien

Microgreens a Sprossen: eng Extra-Portioun Vitaminnen a Mineralien

Se si knackeg, frësch, schaarf oder wierzeg a liwweren eis eng héich Konzentratioun un Nährstoffer a kënnen dat ganzt Joer liicht gezillt ginn.
headphones

12 min

play_arrow
Vegan a vegetaresch Kichen an der Hotelschoul

Vegan a vegetaresch Kichen an der Hotelschoul

Ökologeschen Engagement an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg an net nëmmen eng Äntwert op en Trend vum Marché
headphones

11 min

play_arrow
D'Bedeitung vum glykämeschen Index fir d'Gesondheet

D'Bedeitung vum glykämeschen Index fir d'Gesondheet

Reegelméisseg ze héich Bluttzockerwärter sinn ee Risikofacteur fir Prädiabeetes an Diabeetes Typ 2.
headphones

13 min

play_arrow
Schlank am Schlof: geet dat? | © Bigstock

Schlank am Schlof: geet dat?

Ernärung a Schlof sinn zwee wesentlech Piliere fir eis Gesondheet a Wuelbefannen.
headphones

8 min

play_arrow
Entzündungen am Kierper an den Afloss vun eiser Ernärung

Entzündungen am Kierper an den Afloss vun eiser Ernärung

Wéi eng Relatioun gëtt et bei der Entwécklung, vu de sougenannte " tëllen Entzündungen", mat der Ernärung
headphones

11 min

play_arrow
D‘Rommel Bommel an hir Frënn

D‘Rommel Bommel an hir Frënn

Mam villfältege Wantergeméis der Rommel entdecke mir Neies aus der Schmaachschoul.
headphones

13 min

play_arrow
Liewensmëttelsécherheet an d'Vermaartung

Liewensmëttelsécherheet an d'Vermaartung

Séchert Iessen ennerläit der Verantwortung vun all Acteur an der Liewensmëttelketten an get durch d’ALVA zu Letzebuerg iwwerwaacht.
headphones

18 min

play_arrow