Bewosst Gesond
E waarmen Uebstgratin oder Zopp
2 min
An enger belscher Schoul war eng Initiativ geholl gi fir de Kanner an der Paus moies eng Zopp ze zerwéiere. Dat ass net nëmmen immens gutt ukomm bei de Kanner, mee no sechs Méint gouf mat Hëllef vun enger Etüd festgestallt, datt déi Kanner, déi Zopp an der Paus kritt hunn, hiert Iessverhale verbessert hunn an dat hat e positiven Effekt op hiert Gewiicht.
Dofir gëtt d'Dieteticienne Liz Mersch e puer Iddie fir e waarmt Moiesiessen: A wéi wär et mat engem waarmen Uebstgratin oder enger Omlett mat Geméis a Kraider?