Bewosst Gesond
Frëscht Uebst a Geméis
3 min
Frëscht Uebst a Geméis liwwert eis normalerweis déi Quantitéit Vitaminn C, déi mir brauchen. E gesonde Mënsch brauch ongeféier 100 mg Vitaminn C pro Dag. Mir fannen dës net nëmmen an der Zitrusfruucht, mee och an anerem Uebst a Geméis. Fir déi meescht Vitaminnen notzen ze kennen, ass et wichteg, frëscht Uebst a Geméis aus der Regioun anzekafen. Dofir si mir och un d'Saisone gebonnen. Elo, am Mount Mäerz z. B ass d'Angebot vun frëschem Uebst net immens grouss, mir hunn haaptsächlech Äppel a Bieren aus einheimescher Lagerung. Als Geméis fannen mir z. B nach Chiconen, verschidden Zalotenzorten a Poretten. Wa mir niewent dem Uebst nach frëscht Geméis iessen, ass eisen Vitaminnbedarf gedeckt.
Et gëtt gesot, datt Vitaminn C virun Erkältunge schützt. Duerch Studie konnt awer net bewisen ginn, datt Leit, déi zousätzlech Vitaminn-C Preparater zou sech huelen, manner Erkältunge kréien. Ënner normalen Ëmstänn kennen mir heizuland kee Mangel kréien, well mir stänneg Zougang zu frëschem Uebst a Geméis hunn. En Iwwerschoss u Vitaminn C, wat eng waasserléislech Vitaminn ass, gëtt iwwer d'Nieren ausgescheet. Ganz beléift si jo och Smoothien aus Uebst an/oder Geméis. Ob déi eng gutt Alternativ zu der frëscher Variant sinn, dat seet eis d'Dieteticienne Liz Mersch muer.