Panorama
Panorama
Haut war et den Optakt vum Gesondheetsdësch: Déi verschidden Acteure vum Terrain sollen hei an Aarbechtsgruppen zesummeschaffen an Ufank d'nächst Joer en nationale Gesondheetsplang virleeën
De Kollektivvertrag beim Cactus ass an dréchenen Dicher. Bei der International School fanne Sozialpartner an Direktioun awer weiderhin net zesummen
Lëtzebuerg steet ekonomesch gutt do, zu där Conclusioun kënnt den Internationale Wärungsfong a senger Analys fir dëst Joer
Déi weltwäit Verdeedegungsausgabe sinn d'lescht Joer esou staark geklommen, wéi zanter zéng Joer net méi. An Europa louchen se fir déi éischte Kéier nees um Niveau vu virun der Finanzkris 2008
An Däitschland goufen haut 12 Persoune festgeholl, déi méiglecherweis Member vun enger rietsextremer Terrorzell waren, déi Attentater op Politiker, Asyldemandeuren a Mosleme geplangt huet