1. Muer soll zu Bréissel iwwer d‘Géigemesuren am Douanessträit mat den USA ofgestëmmt ginn: amerikanesche Whiskey soll verschount bleiwen
2. Leschten Dag vum Prozess géint de fréiere franséische President Nicolas Sarkozy an der sougenannter Libyen-Affär
3. Ukrainesche President wëllt Erklärunge vu Peking: et géife chineesesch Zaldoten op der Säit vu Russland an der Ukrain kämpfen
4. De franséische President Emmanuel Macron fuerdert, am Kader vu senger Visitt an Ägypten, datt déi humanitär Hëllef an der Gazasträif Prioritéit ass
5. An d‘Rout Léiwinne spillen am Moment géint Liechtenstein de Retourmatch am Kader vun der Fussball Nations League vun de Fraen