Panorama
Panorama
De Projet vum nationalen Energie- a Klimaplang ka vun haut un ëffentlech consultéiert ginn (op emwelt.lu), bis de 29. Mäerz kann ee Suggestiounen zum Plang eraschécken
Regierung wëllt an den nächste Wochen decidéieren, ob den Diesel Präis fir Camionen eventuell méi deier soll ginn, wéi den Diesel fir d'Leit, sou d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg de Moien op eiser Antenn
Rechter vu Kanner a Jugendleche ginn an Zukunft vun engem Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher vertrueden
De Bernie Sanders ass de Gewënner vun de Virwalen am US Staat New Hampshire fir e Presidentschaftskandidat bei den Demokraten ze bestëmmen
D'Longekrankheet, déi duerch dee neie Coronavirus verursaacht gëtt, krut en offiziellen Numm, si heescht Covid-19, sou d'Weltgesondheetsorganisatioun
Schottesch Premier Ministesch Nicola Sturgeon wëllt en zweeten Onofhängegkeets-Referendum a Schottland wann néideg vun engem Geriicht kläre loossen
Australien huet 113 Déieren-Aarten identifizéiert, déi dréngend Hëllef bräichten, well e groussen Deel vun hire Populatiounen a Liewensraim duerch d'Bëschbränn zerstéiert goufen