Panorama
Panorama
De Projet vum nationalen Energie- a Klimaplang ka vun haut un ëffentlech consultéiert ginn (op emwelt.lu), bis de 29. Mäerz kann ee Suggestiounen zum Plang eraschécken
Rechter vu Kanner a Jugendleche ginn an Zukunft vun engem Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher vertrueden
De Bernie Sanders ass de Gewënner vun de Virwalen am US Stat New Hampshire fir e Presidentschaftskandidat bei den Demokraten ze bestëmmen
D'Longekrankheet, déi duerch deen neie Coronavirus verursaacht gëtt, krut en offiziellen Numm, si heescht Covid-19, sou d'Weltgesondheetsorganisatioun
Schottesch Premier Ministesch Nicola Sturgeon wëllt en zweeten Onofhängegkeets-Referendum a Schottland wann néideg vun engem Geriicht kläre loossen
Australien huet 113 Déieren-Aarten identifizéiert, déi dréngend Hëllef bräichten, well e groussen Deel vun hire Populatiounen a Liewensraim duerch d'Bëschbränn zerstéiert goufen