Panorama
Panorama
Echange vu Finanzservicer mat Groussbritannie soll net an engem Handelsaccord, mee iwwer en Equivalenz-System gereegelt ginn, huet den EU Chef-Negotiateur Michel Barnier zu Lëtzebuerg nach emol ugedeit
Lëtzebuerger Deputéiert hu fir déi zukünfteg Handelsrelatioune mat Groussbritannie vill Fuerderunge gestallt, déi net nëmmen de Finanzsecteur betreffen
Politeschen Ëmbroch an Irland, déi republikanesch Partei Sinn Fein gëtt zweet stäerkste Kraaft am Parlament, sou déi definitiv Resultater vun de Parlamentswalen
Weltgesondheetsorganisatioun huet zu Genf eng international Konferenz iwwer de Coronavirus organiséiert, do gëtt och gekuckt, wat de leschte Stand ass vun den Efforte fir en Impfstoff géint de Virus ze entwéckelen
Am amerikanesche Staat New Hampshire ass haut déi zweet Virwal fir d'Presidentschaftskandidaten ze bestëmmen