Voix d'auteurs
Régis Jauffret
Den Auteur gesäit virum annerhallwe Joer en Dokumentarfilm op der Televisioun, wou zwee Gestapo-Agente säi Papp verhaften. Hie gleeft sengen Aen net. Ni war doheem rieds dovun. Firwat huet kee Mënsch doriwwer geschwat? War säi Papp e verstoppten Held vun der Resistenz? Oder am Géigendeel e Feigling, deen ënner der Tortur Komerode verroden huet? Sou Froen erlaben dem Régis Jauffret d'Vergaangenheet nei ze erfannen, d'Lächer an der Erënnerung mat Fiktioun ze stoppen an esou e Papp méi no kennenzeléieren, vun deem hien eigentlech ganz wéineg weess.
Episoden
D’Lydie Salvayre
Zu Gaascht mat engem Buch, an deem Recht op d'Faulenze gefuerdert gëtt. “Depuis toujours nous aimons les dimanches” ass den Titel.
Jack Kerouac
“Sur le chemin” huet de Kerouac op Franséisch geschriwwen, an zwar no “On the Road”. Just, datt keen dat wousst. Bis et, viru Kuerzem, entdeckt gouf. An Enn 2023 bei Gallimard erauskoum.
![Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore](/legacy/images/147524/image-thumb__147524__base_thumbnail/buch.5e97cf5e.jpg)
Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore
Eng spannend Rees duerch den Universum vun der Metapher, déi an de Grotte vun den éischte Mënschen ufänkt a vun der Poesie bis bei eis bruecht gouf.
Max de Paz - La manche
Dem jonke Schrëftsteller säin éischte Roman handelt vun de Liewensconditioune vu Mënschen ouni Doheem zu Paräis.
![Léa Veinstein](/1_Foto/100komma7.lu/136509/image-thumb__136509__base_thumbnail/Bicher.d1b0970e.jpg)
Léa Veinstein
D’Léa Veinstein erzielt an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka”, iwwer dat onwarscheinlecht Abenteuer vum Kafka senge Manuskripter,.
![Jack Kerouac](/1_Foto/100komma7.lu/129031/image-thumb__129031__base_thumbnail/Jack%20Kerouac.b7af8207.jpg)