arrow_back_ios
Kultur
Déi rasant Fabel vum "EI, EI, EI?!"
Bis den 2. Februar invitéieren d'Rotonden op en neien Tour "Fabula Rasa". Wien nämlech denkt, Märercher wieren almoudesch, all d'selwecht, net méi iwwerraschend, deem beweist eng jonk Generatioun vun Erzieler an Erzielerinnen aus der Belsch, Frankräich, Däitschland, Holland a Spuenien an de Rotonden eppes aneres. Och zu Lëtzebuerg ginn et der e puer: zum Beispill d'Luisa Bevilacqua, déi beim "Fabula Rasa"-Programm hire Spektakel "EI, EI, EI?!" presentéiert. D'Kerstin Thalau war kucken.