Voix d'auteurs
Hélène Gaudy
56 min
De Jean Portante ëmfänkt déi jonk franséisch Schrëftstellerin Hélène Gaudy fir iwwer hiert Buch "Un monde sans rivage" ze schwätzen. Et handelt sech ëm e Roman, dee vun engem realen Evenement ausgeet, nämlech eng Expeditioun an engem Loftballon iwwer den Nordpol. Dräi Männer wëllen, 1897, fir d'éischt d'Banquise iwwerfléien, mee hire Ballon fält erof, a wärend dräi Méint ieren déi Dräi um Äis, éier si da verschwannen. 1930 fënnt eng aner Expeditioun hir Iwwerreschter, a virun allem Fotoen, déi di verschidden Etappe vun der Expeditioun deelweis dokumentéieren. De Rescht vun der Geschicht ass puer literaresch Fiktioun, déi d'Hélène Gaudy an enger wonnerbarer Schrëft op de Pabeier bréngt.
Episoden
D’Lydie Salvayre
Zu Gaascht mat engem Buch, an deem Recht op d'Faulenze gefuerdert gëtt. “Depuis toujours nous aimons les dimanches” ass den Titel.
Jack Kerouac
“Sur le chemin” huet de Kerouac op Franséisch geschriwwen, an zwar no “On the Road”. Just, datt keen dat wousst. Bis et, viru Kuerzem, entdeckt gouf. An Enn 2023 bei Gallimard erauskoum.
![Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore](/legacy/images/147524/image-thumb__147524__base_thumbnail/buch.5e97cf5e.jpg)
Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore
Eng spannend Rees duerch den Universum vun der Metapher, déi an de Grotte vun den éischte Mënschen ufänkt a vun der Poesie bis bei eis bruecht gouf.
Max de Paz - La manche
Dem jonke Schrëftsteller säin éischte Roman handelt vun de Liewensconditioune vu Mënschen ouni Doheem zu Paräis.
![Léa Veinstein](/1_Foto/100komma7.lu/136509/image-thumb__136509__base_thumbnail/Bicher.d1b0970e.jpg)
Léa Veinstein
D’Léa Veinstein erzielt an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka”, iwwer dat onwarscheinlecht Abenteuer vum Kafka senge Manuskripter,.
![Jack Kerouac](/1_Foto/100komma7.lu/129031/image-thumb__129031__base_thumbnail/Jack%20Kerouac.b7af8207.jpg)