Voix d'auteurs
Jeanne Benameur
D'Jeanne Benameur schwätzt vun hirem leschte Roman "Ceux qui partent", deen eng Nuecht op Ellis Island beschreift am Joer 1910. Do kräize sech, éier si zu New York Fouss faassen däerfen, d'Schicksaler vun zwee Italiener, e Papp a seng Duechter, mat aneren Awanderer, eng Fra aus Armenien, déi virun de Massaker fortgelaf ass, een Zigeiner, dee Gei spillt, an e Fotograf, dee schonn zu New York wunnt an déi nei Awanderer fotographéiere wëllt. De ganze Roman ass wéi eng Foto vun dëser éischter Nuecht am Niemandsland vun Ellis Island. Zu gläicher Zäit ass et ee Plädoyer fir all Migrant a géint all Intoleranz.