De Prix Goncourt ass dëst Joer un de Nicolas Mathieu gaange fir säi Roman, "Leurs enfants après eux". Et ass e Buch, dat iwwer eisen direkten Noper schwätzt, d'Lorraine an hir sinistréiert Industrielandschaft. D'Lorraine a hir Frontalieren, déi op Lëtzebuergesch schaffe kommen, d'Lorraine a hir Jugend, déi no der Zukunft sicht. Den Nicolas Mathieu am Gespréich mam Jean Portante.
arrow_back_ios
Voix d'auteurs
Nicolas Mathieu - Prix Goncourt 2018
Episoden
Mathias Énard
Den Auteur, deen 2015 de Goncourt fir säi Buch “Boussole” krut a schonn Invité war, schwätzt dës Kéier iwwer deen éischte Band vu senger Quadrilogie “Mélancolie des confins” ze schwätzen. “Nord” ass den Ënnertitel.

Jeanne Benameur
Gläich dräi Bicher vun der Jeanne Benameur koumen dëse Januar a Frankräich eraus: de Roman “Vivre tout bas”, den Essai “Vers l’écriture” an de Gedichtb an an de Gedichtband “Nous vous parlons d’amour”.

Ingrid Glowacki
Déi jonk Schrëftstellerin erzielt an hirem Roman "La poète aux mains noires” d’Geschicht vun enger bal vergiessener Sculptrice aus dem 19. Joerhonnert.

Patrick Deville
Viru méi wéi 20 Joer huet de Schrëftsteller huet de Projet “ABRACADABRA” gestart, bei deem hien op de Spuere vun anere Schrëftsteller, Wëssenschaftler an Artisten ass.
D’Rentrée littéraire
De Jean Portante an de Jeff Schinker geheien hire kritesche Schrëftsteller-Bléck op d’Rentrée littéraire mat hiren Honnerte vu Romaner an Essayen a presentéieren eng Rëtsch nei Bicher, fir déi si e Coup de cœur hunn.
Léa Veinstein
D’Léa Veinstein erzielt an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka” iwwer dat onwarscheinlecht Abenteuer vum Kafka senge Manuskripter.
D’Lydie Salvayre
Zu Gaascht mat engem Buch, an deem Recht op d'Faulenze gefuerdert gëtt. “Depuis toujours nous aimons les dimanches” ass den Titel.
Jack Kerouac
“Sur le chemin” huet de Kerouac op Franséisch geschriwwen, an zwar no “On the Road”. Just, datt keen dat wousst. Bis et, viru Kuerzem, entdeckt gouf. An Enn 2023 bei Gallimard erauskoum.

Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore
Eng spannend Rees duerch den Universum vun der Metapher, déi an de Grotte vun den éischte Mënschen ufänkt a vun der Poesie bis bei eis bruecht gouf.
Max de Paz - La manche
Dem jonke Schrëftsteller säin éischte Roman handelt vun de Liewensconditioune vu Mënschen ouni Doheem zu Paräis.

Léa Veinstein
D’Léa Veinstein erzielt an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka”, iwwer dat onwarscheinlecht Abenteuer vum Kafka senge Manuskripter,.
