arrow_back_ios
Déjà Vu
David Sylvian - Brilliant Trees
Mat Lëppestëft, blond gefierwten Hoer a schmocke Kostümer hu Japan e glamouréisen Image Enn de 70er ausgestraalt. De britesche Quartett huet sech während hiren aacht Joer zesumme vu Glam Rock eriwwer op Synth Pop beweegt. Dës stilistesch Fluiditéit huet de Frontman David Sylvian no der Trennung vun Japan 1982 weidergeféiert. "Brilliant Trees" ass en ambient an experimentellt Pop Wierk mat Kontributioune vum Ryuichi Sakamoto, Holger Czukay an Jon Hassell.