Voix d'auteurs
Jean Paul Louisan
De Louis-Ferdinand Céline ass sécherlech, wéinst sengen antisemitesche Pamphleten, déi kontroverséiertst Figur vun der franséischer Literatur vum 20. Joerhonnert. Mee awer och eng vun de wichtegste Stëmmen. Bicher wéi "Le Voyage au bout de la nuit" oder "Mort à crédit" hunn nei Akzenter fir de Roman gesat. Dëser Deeg sinn zu Paräis, bei Gallimard, seng "Cahiers de prison" erauskomm.
De Céline war jo 1944 aus Frankräich geflücht, gouf awer an Dänemark, no der Befreiung, an de Prisong gespaart. Den Essayist Jean Paul Louis huet d'Texter, déi do geschriwwe goufen, an engem Buch zesummebruecht. Et handelt sech ëm kapital Texter fir ze verstoen, wat am Kapp vum Schrëftsteller lass war.
Doriwwer ënnerhält sech de Jean Portante haut mam Jean Paul Louisan.