Déjà Vu
Crosby, Stills & Nash
David Crosby, Stephen Stills, Graham Nash - do denkt een dach direkt un e weidere Museker, dee meeschtens mat deenen Dräi do assoziéiert gëtt. Mee de Kanadier Neil Young stéisst eréischt no dësem Album zum Trio ... e puer Méint no der Sortie steet hie mat op der Bühn. Op dësem Album si se just zu dräi: de Crosby kënnt vun de Byrds, de Stills vu Buffalo Springfield - eng Band, an där och de Young ass -, den Nash vun den engleschen Hollies.
Jiddweree vun deenen dräi huet seng Stäerkten, dem David Crosby ass dee méi poséierten Typ, deen d'Welt och alt emol méi kritesch gesäit, de Stephen Stills steet fir Rock mat staarkem Folkafloss, de Graham Nash war mat senger Band Dauergaascht an den Hitparaden, hien ass déi méi pop-orientéiert Komponent am Ensemble. Gemeinsam kënne si eng weider Tromp virweisen: allen dräi kënne si Musek schreiwen, komponéieren a sangen. De Fred Medernach liwwert den Iwwerbléck iwwer e Meeschterwierk a Saache Songwriting.
Episoden
Numer One Record - Big Star
Ufank Summer 1972 kënnt mat "Number One Record" den Debutalbum vun der US-Formatioun Big Star eraus.
Bob Marley - One Love/People Get Ready
Dem Jamaikaner säi fënnefte Studioalbum mat de Wailers kënnt am Juni 1977 eraus.
Dusty Springfield - Stay Awhile/I Only Want To Be With You
Am Juni 1964 kënnt den US-Debutalbum vun der Englännerin Dusty Springfield um Label Philips eraus.
James Taylor - Hourglass
Dem amerikanesche Singer/Songwriter säi 14. Studioalbum koum am Mee 1997 op de Maart.
Randy Newman - Sail Away
Ironie, Mënschlechkeet, Piano an Orchester - Dem Randy Newman säin drëtten Opus vun 1972 bleift ee vu senge beschten.
The Beatles - Let It Be
Den 8. Mee koum mat "Let It Be", dee leschten Album vun de Beatles, op de Maart. D'Opname sinn an ugespaanter Atmosphär verlaf.
Manassas - Manassas (1972)
Den Album huet am Abrëll 2022 seng 50 gefeiert a kënnt vun engem Supergroup, deen nëmme kuerz existéiert huet.
Joe Cocker - It's All Over But The Shoutin'
Dem Joe Cocker säi fënnefte Studioalbum kënnt am Abrëll 1975 um Label Cube eraus.
The Cure - Wish (1992)
Am Joer 1992 bréngen déi brittesch Pionéier vum gotesche Rock, The Cure, schonn zanter 13 Joer Musek eraus.
Lou Reed (1972)
Den éischte Soloalbum vum New Yorker no senger Trennung vu Velvet Undergroud koum am Abrëll 1972 eraus an dréit einfach säin Numm.
Iggy Pop - The Idiot
Am Mäerz 1977 koum dem Amerikaner säi Solodebut eraus, produzéiert an ënnerstëtzt vum David Bowie.
Lucio Battisti - Ho Un Anno Di Piu
Dem italieenesche Cantautore Lucio Battisti säin Album "Io Tu Noi Tutti" (Mäerz 1977) ass eng Zesummenaarbecht vun him mam Texter Mogol.
Otis Redding/Carla Thomas - King & Queen
Am Mäerz 1967 bréngt de Label Stax den Otis Redding an d'Carla Thomas zesummen - si covere bekannt Material aus dem Stax-Repertoire.
![Nick Drake - Pink Moon (1972)](/legacy/images/68797/image-thumb__68797__base_thumbnail/A-28085-1578346336-1680.990cfebf.jpg)