Déjà Vu
Crosby, Stills & Nash
David Crosby, Stephen Stills, Graham Nash - do denkt een dach direkt un e weidere Museker, dee meeschtens mat deenen Dräi do assoziéiert gëtt. Mee de Kanadier Neil Young stéisst eréischt no dësem Album zum Trio ... e puer Méint no der Sortie steet hie mat op der Bühn. Op dësem Album si se just zu dräi: de Crosby kënnt vun de Byrds, de Stills vu Buffalo Springfield - eng Band, an där och de Young ass -, den Nash vun den engleschen Hollies.
Jiddweree vun deenen dräi huet seng Stäerkten, dem David Crosby ass dee méi poséierten Typ, deen d'Welt och alt emol méi kritesch gesäit, de Stephen Stills steet fir Rock mat staarkem Folkafloss, de Graham Nash war mat senger Band Dauergaascht an den Hitparaden, hien ass déi méi pop-orientéiert Komponent am Ensemble. Gemeinsam kënne si eng weider Tromp virweisen: allen dräi kënne si Musek schreiwen, komponéieren a sangen. De Fred Medernach liwwert den Iwwerbléck iwwer e Meeschterwierk a Saache Songwriting.
Episoden
Eric Clapton - Slowhand
Dee fënnefte Studioalbum vum Eric Clapton dréit am November 1977 säi Spëtznumm "Slowhand".
Orange Juice - Rip it up (1982)
"Rip it up" aus dem Joer 1982 ass e Klassiker vun der Popgeschicht - an dee gréisste Succès vun der schottescher Band Orange Juice.
Led Zeppelin - Coda 1982
De leschten offizielle Led Zeppelin Album "Coda" zesummegeschoustert, aus Studio- an Demoopnamen aus de Joren 1969 bis 1978
Steely Dan - Can't Buy A Thrill
Am November 1972 kënnt den Debut-Album vu Steely Dan eraus - e Meeschtercoup vum Duo Donald Fagen/Walter Becker.
Déjà Vu R.E.M. Automatic for the People
"Automatic for the People" vun R.E.M. aus dem Joer 1992 gehéiert zu de grousse Klassiker vun deem Joerzéngt.
Sam and Dave - Soul Men
Am Oktober 1967 erauskomm a bis haut e Referenzwierk a Saache Funk a Soul bliwwen.
![Tragescherweis hip](/legacy/images/26069/image-thumb__26069__base_thumbnail/The%20Tragically%20Hip%20Fully%20Completely.8e8d2e9c.jpg)
Tragescherweis hip
Virun 30 Joer koum "Fully, Completely", de Kultalbum vun der kanadescher Band The Tragically Hip eraus.
Stevie Wonder - Talking Book (Oktober 1972)
Schonn de 15. Studioalbum vum deemools eréischt 22 Joer jonke Stevie Wonder. Een, deen hien als erwuessene Museker weist ...
Cat Stevens - Catch Bull At Four
Nodenkleches a Poetesches vum englesche Singer/Songwriter aus dem September 1972
Manassas - Manassas (1972)
Den Album huet am Abrëll 2022 seng 50 gefeiert a kënnt vun engem Supergroup, deen nëmme kuerz existéiert huet.
Neil Young - Harvest
Am Februar 1972 koum dem Kanadier säi véierte Soloalbum "Harvest" eraus. Den Iwwerhit doropper war "Heart Of Gold".
Lee Moses - Time and Place (1971)
Et gi Placken, déi enttäuschen hir Auteure mat esou engem schappege Retour, datt si fir ëmmer demotivéiert sinn. Esou eng ass hei an eisem Réckspigel.
Iggy Pop - The Idiot
Am Mäerz 1977 koum dem Amerikaner säi Solodebut eraus, produzéiert an ënnerstëtzt vum David Bowie.
![Nick Drake - Pink Moon (1972)](/legacy/images/68797/image-thumb__68797__base_thumbnail/A-28085-1578346336-1680.990cfebf.jpg)