arrow_back_ios
Voix d'auteurs
Andreï Makine
Den Auteur schwätzt iwwer säin neie Roman "Au-delà des frontières". E Buch dat, wéi e groussen Deel vun de leschte Romaner vum Makine versicht Piste virzeschloe fir en alternatiivt Liewen, wäit ewech vun der Sakgaass vun eiser Gesellschaft, déi eis geeschtlech ëmmer manner ze bidden huet. An dësem Roman exploréiert de Makine d'Weeër vun deem, wat hien Alternaissance nennt. Eng drëtt Gebuert no der biologescher an der sozialer ... De Jean Portante féiert duerch d'Gespréich.