arrow_back_ios
Déjà Vu
Dusty In Memphis
Bis haut ass "Son of a Preacherman" populär bliwwen a stellt den Haapttromp vun der gebierteger Englännerin ënner Beweis: eng souleg a waarm Stëmm, déi fir dësen Album grouss Mëttel vun hirer Plackefirma Atlantic Records zur Verfügung gestalt kritt. Als grouss Komponistennimm sinn ënner anerem Michel Legrand, Carole King, Burt Bacharch a Randy Newman vertrueden.
"Dusty In Memphis" verkeeft sech 1969 bei der Sortie manner gutt. Eréicht wéi den Album Joren duerno op CD erauskënnt ginn d'Vente spektakulär no uewen.