arrow_back_ios
Voix d'auteurs
Tahar Ben Jelloun
Spéitstens zanter "L'enfant de sable" a "La nuit sacrée" an den 1980er Joren ass de Schrëftsteller Tahar Ben Jelloun dem grousse Publikum bekannt.
Mat Bicher wéi "L'Islam expliqué aux enfants" an "Le terrorisme expliqué à nos enfants" dréit hien zu engem bessere Versteesdemech vun de Relatiounen tëschent West an Ost bei.
Am Januar ass säi neie Roman "L'Insomnie" erauskomm an ënner anerem fir heiriwwer ze schwätzen ass den Tahar Ben Jelloun op Besuch beim Jean Portante.