Blue Note
Nei Diske vum Ivo Neame a Christian Sands
"Moksha", esou den Titel vum neien Album vum britesche Pianist Ivo Neame. Zäitgënessesch a modern Kläng op dësem Disk, erauskomm beim Label Edition Records.
"Facing Dragons" heescht den neien Opus vum Pianist Christian Sands. Aneschters wéi den Neame bleift de Sands a senger Musek méi traditionell, mee weess awer och nei Iddien eranzebréngen. Dëse villgefrote Pianist huet säin Album beim Label Mack Avenue erausginn.
Am Agenda geet ëm d'Jazz-Concerte vum Mount September am Neimënster. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.