Blue Note
The Young Lions - Den Nowuess am Jazz zu Letzebuerg
Wann een hautdesdaags decidéiert, Jazz studéieren ze goen, da gëtt een net méi wéi nach virun 30 Joer grouss ugekuckt a gefrot: "A wat wëlls de spéider schaffen?" Dat beweise vill Museker an der faarweger lëtzebuergescher Jazzlandschaft, déi dee Wee mat Succès gaange sinn. Dat inspiréiert awer och jonk Talenter sech op déi Schinn ze setzen. Sou och de Batteur Luca Pedana an de Gitarrist Etienne Grüness, déi sech allen zwee am Moment op deene verschiddene Conservatoiren ugemellt hunn an der Hoffnung, ënnerdaach ze kommen a sech intensiv kënne just op d'Musek ze konzentréieren. Si schwätzen iwwer hier Influenzen an Iddien, am Gespréich mam Pit Dahm a Pol Belardi.