Blue Note
Gouvy is groovy Festival / CD-Release Harold Lopez-Nussa
Iwwer dräi Deeg proposéiert d'Ferme de la Madelonne all Joer en Jazz- a Bluesfestival. Déi 39. Editioun ass vum 3. bis den 5. August 2018 zu Goovy. Lokal Artisten an international Spëtzte sinn derbäi, am méi traditionellen Jazzmodus. De Manuel Ribeiro huet sech mam Responsabele vum Festival, de Claude Lentz, ënnerhalen.
De Label Mack Avenue huet vill a gutt Jazzartisten ënner sengem Label lafen, wéi beispillsweis den exzellente kubanesche Pianist Harold Lopez-Nussa. De Museker huet mat sengem Trio en neien Disk erausbruecht: "Un dia Cualquiera".